Louis Blériot

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Louis Blériot
Duerstellung vum Iwwerfléien vum Äermelkanal op engem Waassertuerm bei Calais

Den Louis Charles Joseph Blériot gebuer den 1. Juli 1872 zu Cambrai, a gestuerwen den 2. August 1936 zu Paräis, war e franséische Pionéier vun der Aviatioun. Mat dem Fliger Blériot XI ass hien de 25. Juli 1909 als éischte Mënsch mat engem Fliger iwwer den Äermelkanal geflunn. Säi Fluch vu Calais op Dover huet 37 Minutte gedauert, bei enger durchschnëttlecher Fluchhéicht vun 100 Meter.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Ingenieursstudium huet de Blériot domat ugefaangen, Autosscheinwerfer an engem klengen, vun him opgebaute Betrib ze fabrizéieren. Deemools schonn huet hie vill un d'Fléie geduecht an och Versich dofir gemaach.

Eng Zäit lang huet hie mat engem anere Pionéier vun der Aviatioun, dem Gabriel Voisin bei senge Versich zesummegeschafft. Béid hu sech awer 1908 getrennt, well se iwwer d'Fléien net enger Meenung waren. De Blériot huet, anescht wéi de Voisin, un d'Méiglechkeeten vum Eendecker gegleeft. No etleche Versich, déi ouni gréissert Accident feelgeschloe sinn, huet hien en Apparat gebaut, de Blériot XI, wéi en e genannt huet, dee fir déi deemoleg Zäit och leeschtungsfäeg war.

Mat där Maschinn ass de Blériot de 25. Juli 1909 als éischte Mënsch an engem Apparat, dee méi schwéier war wéi d'Loft, iwwer den Äermelkanal geflunn. Fir dës Leeschtung gouf de Blériot vun der englescher Zeitung Daily Mail mat engem Geldpräis vun 1.000 Engleschen Pond belount, haut ëmgerechent ongeféier 100.000 Euro. Dat war och d'Rettung vu senge finanziellen Problemen, well hien hat praktesch säint a senger Fra Alicia hiert ganzt Verméigen bei senge Versich verplempert.

Deen historesche Fluch huet vill Interesse font an e Boom ausgeléist. De Blériot krut gläich duerno 100 Bstellunge fir déi Maschinn. Hie gouf also den éischten Constructeur vu Fligeren a krut den Numm Papp vun den Eendeckeren.

De Blériot ass doropshi méi a méi zum Seriebau iwwergaangen, an huet an England eng Fligerschoul an e Produktiounsbetrib opgemaach. A Frankräich huet hien 1914 déi franséisch Fligerfirma SPAD, Société Pour les Appareils Deperdussin opkaaft a si an Société Pour L´Aviation et ses Dérives ëmbenannt. D' Jeeërfligere vun der SPAD (d'Ofkierzung ass bliwwen) haten am Éischte Weltkrich groussen Erfolleg.

No 1916 huet de Blériot eng nei Firma, d'Blériot-Aéronautique gegrënnt, déi och Fligere fir de Verkéier gebaut huet. Bis zu sengem Doud, am Joer 1936, blouf de Blériot mat der Aviatioun enk verbonnen.

De Blériot XI vum Louis Blériot

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schmitt, G. und Schwipps, W. - Pioniere der frühen Luftfahrt,Gondrom Verlag, Blindlach 1995, ISBN 3-8112-1189-7
Commons: Louis Blériot – Biller, Videoen oder Audiodateien