Luís Montenegro

Vu Wikipedia
Luís Montenegro
Gebuer 16. Februar 1973
Porto
Nationalitéit Portugal
Aktivitéit Politiker
Partei Partido Social Democrata

De Luís Filipe Montenegro Cardoso de Morais Esteves, gebuer de 16. Februar 1973 zu Porto, genannt Luís Montenegro, ass e portugisesche Jurist a Politiker.[1] Hien ass zanter dem 2. Abrëll 2024 Premierminister vu Portugal.[2] Hien ass zanter Mee 2022 President vun der Partido Social Democrata. Vun do bis zu de Parlamentswalen am Mäerz war hien Oppositiounsleeder am portugisesche Parlament.[3]

Hien huet op der Kathoulescher Universitéit vu Portugal Droit studéiert an dono do nach eng Spezialisatioun am Droit vum Dateschutz gemaach.

Hie war Conseiller am portugisesche Staatsrot a gouf 2002 fir d'éischt an dat portugisescht Parlament gewielt (2005, 2009, 2011 an 2015 erëmgewielt).

Bei de Parlamentswalen am Mäerz 2024 gouf d'PSD ënnert dem Motenegro knapps déi stäerkste Partei. De Staatspresident Marcelo Rebelo de Sousa huet hien doropshin den 21. Mäerz zum Formateur vun enger Minoritéitsregierung ernannt.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Grupo Parlamentar PSD op psd.pt, nogekuckt: 2024-01-25
  2. Katharina James, AFP: "Konservativer Luís Montenegro ist neuer Ministerpräsident Portugals". Die Zeit, 2024-03-21.
  3. "Luís Montenegro é o novo líder do PSD". eco.co, 2022-05-28.
  4. Reuters: Portugals Präsident ernennt Mitte-rechts-Chef Montenegro zum Ministerpresidenten. faz.net, 2024-03-21

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Luís Montenegro – Biller, Videoen oder Audiodateien