Lux by Night
Éischte Logo vu Lux by Night (2012-2017) | |
Typ | Zaïtschrëft |
---|---|
Éischt Ausgab | 2012 |
Lescht Ausgab | 20?? |
Land | Lëtzebuerg |
Sujeten | Erausgoen, Lifestyle |
Lux by Night, spéider LuxbyNight, war eng lëtzebuergesch Gratiszäitschrëft, déi 2012 gegrënnt gouf. Si war an den éischte Joren am Géigesaz zu deenen anere Gratiszäitschrëften zu Lëtzebuerg gréisstendeels op Däitsch a gouf an engem klenge Format vun 10,5 op 15 cm gedréckt. Lux by Night huet sech eegenen Aussoen no u Leit tëscht 16 a 40 Joer geriicht. Haapttheme ware Lifestyle, Trend an Erausgoen. Et konnt een d'Zäitschrëft an ëffentlechen a privaten Ariichtungen am Groussraum Lëtzebuerg, zu Tréier an an der Ëmgéigend fannen.[1]
D'Redaktioun hat hire Sëtz an den éischte Joren an der Avenue Grande-Duchesse Charlotte zu Diddeleng.[2] Lux by Night hat 2012 eng Oplo vun 10.000 Exemplairen a koum all éischten Dag vum Mount eraus.
Am Februar 2018 gouf d'Zäitschrëft nei lancéiert, exklusiv op Franséisch. Si hat dunn eng Oplo vun 8.000 Stéck.[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Archivéiert Homepage (2012-2016)
- Facebook-Säit
- Ausgabe vu Lux By Night op Issuu
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Presentatioun vun Lux by Night (gekuckt den 30. August 2012)
- ↑ festivalduchatnoir.com: "LuxByNight: Magasine gratuit événementiel au Luxembourg" (gekuckt den 30. August 2012)
- ↑ adada.lu: Nouvelle formule pour LuxByNight (7. Februar 2018)