MAC-Adress

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng MAC-Adress ass en 12-stellesche Code aus hexadezimalen Zuelen, deen een op all Netzwierk-Stéck fënnt (d.h. op all deenen Hardware-Deeler, déi eppes mat Netzwierk ze dinn hunn, wéi z. B. Netzwierkkaart, Netzwierk-Adapter, Router, Switch, asw.) an deen zur Erkennung vun den Netzwierk-Stécker ënnertenee geduecht ass.

Dofir ass d'MAC-Adress op all Netzwierk-Stéck anescht an all MAC-Adress gëtt et nëmmen eemol op der Welt.

Och DHCP-Servere schaffe mat MAC-Adressen.

Opbau vun der MAC-Adress [änneren]

Den Opbau ass am Fong ganz egal, et gi just déi Regelen datt et se muss 12 Stellen hunn a se däerf allkéiers nëmmen eemol existéieren op der Welt. Dofir kritt eng Firma, déi Netzwierk-Stécker hierstellt gesot, wéieng éischt zwou Ufankszuele se däerf benotzen, an hir Aufgab ass et dann, déi lescht 10 Stelle weiderzeféieren. Dobäi mussen se oppassen, datt se net zweemol déiselwecht benotzt.

Eng MAC-Adress gesäit esou aus:

26-14-9a-26-1f-08

Wéi schonns gesot gehéieren dobäi déi éischt zwou Zuelen ëmmer der Firma, dat heescht keng aner Firma däerf déiselwecht zwou éischt Zuelen a Gebrauch huelen. De Rescht bestëmmt dann Firma selwer. De Virdeel vun de MAC-Adressen ass, datt een Onmoossen u Méiglechkeeten huet.