MS Brombachsee

Vu Wikipedia
MS Brombachsee vu vir

D' MS Brombachsee ass e Schëff mat dräi Schwammdeeler (Trimaran) um Grousse Brombaachséi, dat vun der Architektur an der Konstruktioun hier eemoleg an Europa ass.

Op dräi verschiddenen Decker kënne 750 Persoune matfueren. Een Tour um Brombaachséi dauert ongeféier annerhallef Stonn. Zanter 2009 ass den Trimaran mat engem gliesene Panorama-Lift ekipéiert. Sou sinn déi 3 Decker och fir géibehënnert Leit z'erreechen.[1]

Den Trimaran hält op dëse Plazen: Ramsberg, Absberg, Enderndorf, Allmannsdorf a Pleinfeld.

Technesch Detailer[änneren | Quelltext änneren]

  • Längt: 46 m
  • Breet: 19 m
  • Héicht: 13,2 m
  • Déifgank: 1,40 m
  • Gedriwwe vun: 2 Sechszylinder-Dieselmotore vun MAN, jiddweree mat enger Leeschtung vun 250 kW an zwee Schottel-Pompelstralgedriwwer.

Einzelnachweise[änneren | Quelltext änneren]