MacNaughton

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Wopen

MacNaughton (geleeëntlech och: MacNaughtan) ass den Numm vun engem schottesche Clan.

  • De Wopen: En Tuerm, dee belagert gëtt
  • De Motto: I hope in God
  • De gäleschen Numm: MacNeachdainn
  • D'Originn vum Numm: (aus dem Gäleschen) MacNeachdainn: De Jong vum Nechtan, dee Rengen
  • D'Planz vum Clan: Azalee
  • De Krichskreesch: Fraoch Eilean (Insel voll mat Heedekräitchen)

Et ass dovun auszegoen, datt de Grënner vun dësem Clan den Nachtan Mor war, deen am zéngte Joerhonnert gelieft huet. De Clan ass ee vun deenen, déi vum Malcolm IV. vun der Provënz Moray op déi kinneklech Lännereien zu Strathtay verjot goufen. Honnert Joer méi spéit, hate se Land laanscht de Loch Awe an de Loch Fyne. 1267 goufen de Gilchrist MacNaughtan a seng Ierwe vum Alexander III. als Hausmeeschtere vun der Buerg Fraoch Eilien am Loch Awe ugestallt. No an no krute se nach d'Buergen Dubh-Loch zu Glen Shira an Dunderave beim Loch Fyne.

Den Alexander, den déizäitege Chef vum Clan, dee vum James IV. zum Ritter geschloe gi war, ass 1513 an der Schluecht vu Flodden ëmkomm. Den John, dem Alexander säi Jong, war 1698 an der Schluecht vu Killiecrankie mat dobäi.