Marcel Gilles

Vu Wikipedia
Marcel Gilles
Gebuer 29. Juni 1945
Schëtter
Gestuerwen 9. Abrëll 2014

De Marcel Victor Gilles, gebuer den 29. Juni 1945 zu Schëtter a gestuerwen den 9. Abrëll 2014, war e lëtzebuergesche Vëlossportjournalist.

Kuerz Biographie[änneren | Quelltext änneren]

A senger Jugend hat de Marcel Gilles sech nieft dem Vëlofueren - hie war de Jong vun engem Vëloshändler - och fir den Automobilsport intresséiert, wou hien als Copilot bei Rallye matgefuer as. Als Erwuessenen huet hie berufflech bis zu senger Pensioun an der Tourismusbranche als Guide geschafft. A senger Fräizäit huet hie sech mat vollem Asaz an den Déngscht vum Cyclissem gestallt.

Am Abrëll 2014 ass de Marcel Gilles no langer Krankheet verscheet.

E Liewen am Déngscht vum Cyclissem[änneren | Quelltext änneren]

1970 gouf de Marcel Gilles Sekretär vum Comité des jeunes bei der FSCL - dem Lëtzebuerger Vëlossport-Verband - deen deemools vum Arsène Mersch presidéiert gouf. Hien ass dem Vëlossport de Rescht vu sengem Liewen a ville Funktiounen an Hisiichten trei bliwwen.

Veräinsaarbecht beim Vëlosclub ACC Contern an Organisatioun vu Vëloscourssen[änneren | Quelltext änneren]

De Marcel Gilles war zanter 1989 bis zu sengem Doud President vum Vëlosclub Amis du Cyclisme de la Commune de Contern (ACC Contern).

De "Gala Tour de France", en Après-Tour-Criterium zu Lëtzebuerg dee vun 1996 un an der Stad an zanter der Editioun 2013 um Belval gefuer gëtt, gouf op Initiativ vum Marcel Gilles an d'Liewe geruff.

De Grand Prix François Faber (zanter 1977) an d'"Cyclosportive Charly Gaul", fir nëmmen déi ze nennen, verdankt d'Lëtzebuerger Vëloszeen och dem Marcel Gilles als Organisateur mat sengem Veräin dem ACC Contern.

Déi Courssen an Epreuve gi weider vum ACC Contern organiséiert an Undenken un hire Président.

En aktiven Ennerstëtzer vun Nowuesstalenter[änneren | Quelltext änneren]

De Marcel Gilles huet sech fir d'Fërderen an d'Placéiere vun Nowuesstalenter a Profisequippen agesat. Dorënner waren Nimm wéi Kim Andersen, Bjarne Riis, Jesper Skibby, Kim Kirchen, Fränk Schleck a Jempy Drucker.

Am Veräin ACC Contern huet hien net nëmmen an der Organisatioun geschafft, hie war fir déi licencéiert Coureure mol Soigneur, mol Mecanicien, oder och nach Directeur sportif oder Conseiller.

Commentateur, Suiveur a Journalist bei nationalen an internationale Vëloscourssen[änneren | Quelltext änneren]

Als Radio- a Fernseekommentator war de Marcel bei ville Vëloscoursseniwwerdrounge vun RTL Radio an Télé Lëtzebuerg mat dobäi, an huet dobäi duerch säi lokaalt a kulinarescht Wëssen, mä awer virun allem säin immenst Wësse vun de Palmarèse vun de Coureure sou eppes wéi déi lëtzebuergesch Variant vum beschtbekannte franséischen Tourjournalist Jean-Paul Ollivier oder och nach vum Tour-Speaker Daniel Mangeas duergestallt. Am Joer 2012 krut de Marcel Gilles vun der Direktioun vum Tour de France um franséische Nationalfeierdag, als Auszeechnung fir 35 Partizipatiounen als akkréditéierte "Suiveur" bei der "Grande Boucle", e sëlwer Teller iwwerreecht.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]