Marshall-Verdeedegung
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Marshall-Verdeedegung | ||||
|---|---|---|---|---|
| Zich | 1. d4 d5 2. c4 Sf6 | |||
| ECO-Coden | D06 | |||
| Benannt no | Frank Marshall | |||
| Entsteet aus | Dammegambit | |||
| Nospillen op Chessgames.com | ||||
D'Marshall-Verdeedegung ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënnert dem Schlëssel D06 klassifizéiert.
D'Marshall-Verdeedegung fänkt mat de folgenden Zich un:
- 1. d4 d5
- 2. c4 Sf6
Déiselwescht Stellung kann och iwwert d'Indesch Verdeedegung 1. d4 Sf6 2. c4 d5 erreecht ginn.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Varianten
Wäiss ka probéiere mat 3. cxd5 e Virdeel aus der schwaarzer Zuchfolleg ze gewannen oder mat 3. Sf3 oder 3. Sc3 den Iwwergang an eng Standarderëffnung ustriewen.
- No 3. Sf3 ka Schwaarz mat 3. ... e6, 3. ... dxc4 oder 3. ... c6 an d'Ofgeleentent oder an d'Ugehollent Dammegambit resp. an d'Slawesch Verdeedegung iwwergoen.
- No 3. Sc3 ka Schwaarz rëm mat 3. ... e6, 3. ... dxc4 oder 3. ... c6 an d'Ofgeleentent oder an d'Ugehollent Dammegambit resp. an d'Slawesch Verdeedegung iwwergoen. Doriwwer eraus land e mat 3. ... g6 an der Grünfeld-Indescher Verdeedegung a mat 3. ... Sc6 an der Tschigorin-Verdeedegung.
[änneren] 3. cxd5
- 1. d4 d5 2. c4 Sf6 3. cxd5
D'Haaptzich no 3. cxd5 sinn 3. ... Sxd5 an 3 ... Dxd5. Allerdéngs ass et och méiglech mat 3. ... c6 oder 3. ... g6 e Bauer ze afferen.
[änneren] Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen
An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass d'Marshall-Verdeedegung ënnert dem Schlëssel D06 klassifizéiert.
- D06: 1. d4 d5 2. c4