Melbourne

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Melbourne (Australien))
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dës Säit beschäftegt sech mat der australescher Stad Melbourne. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Melbourne (Homonymie).


Melbourne
D'Skyline vu Melbourne
D'Skyline vu Melbourne
Land : Flag of Australia.svg Australien
Bundesstaat : Victoria
Administratioun : Melbourne City Council
Fläch : 1.705 km²
Awunner : 3.384.671 Aw.  (2005)
Bevëlkerungsdicht : 1.985 Aw. / km²
Buergermeeschter : John Chun Sai So
Koordinaten : Gnome-globe.svg37° 48’ 39’’ S
     144° 57’ 55’’ O
D'Lag vu Melbourne an Australien
D'Lag vu Melbourne an Australien
Stied - Bundesstaaten - Groussstied

Melbourne ass d'Haaptstad vum australesche Bundesstaat Victoria, an ass déi zweetgréisst Stad an Australien. Iwwer 140 Natioune wunnen zu Melbourne.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Melbourne läit am Südweste vun Australien, grenzt un d'Port Philipp Bucht an zitt sech an de Weste bis zum Yarra River hin. Et ass vun Norde bis Süde 70 km laang an huet vum Oste bis Westen iwwer 50 km. Melbourne ass an 31 Bezierker agedeelt an all Bezierk huet säin eegene Buergermeeschter.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Melbourne gouf am Joer 1835 gegrënnt an huet säin Numm vum deemolege britesche Premierminister Lord Melbourne. Grënner vun der Stad sinn den John Batman an den John Pascoe Fawker aus Tasmanien. 1851 ass zu Melbourne dat éischt Gold fonnt ginn. 1956 waren zu Melbourne d'Olympesch Spiller.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Melbourne huet 5,6 Sonnestonnen am Dag, an 147 Reendeeg am Joer.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Flinders Street Station: De Quai Nummer 1 vun der Flinders Street Station zielt zu deene längste vun der Welt. En huet 708 Meter.
Kuckeswäertes vu Melbourne
  • De Musée vu Melbourne
  • De Royal Botanic Garden
  • De Rialto Tower, en 253 Meter héijen Tuerm, vun deem sengem 55. Stack ee sech Melbourne ukucke kann.
  • Den Eureka Tower, 291 Meter héich
  • De Federation Square: Am Komplex, dee vis-à-vis vun der Flinders Street Station ass, ass ëmmer vill lass. D'Architektur ass onregelméisseg an d'Gebai ass ronderëm d'Maartplaz gebaut.
  • D'St. Patricks Cathedral: Si ass dee schéinste Sakralbau vun Australien
  • Den Atrium: D'Gebai um Federation Square ass eng riseg Galerie aus Glas. Et war ee vun de gréisste Bauprojete vun Australien
  • D'Melbourne Docklands: Do, wou fréier déi al Hafenanlage stoungen, entsteet e ganz neien a modernen Staddeel.
D'Melbourne Docklands

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Melbourne – Biller, Videoen oder Audiodateien