Menhir vu Recken

Vu Wikipedia
De Menhir zu Recken. Hannen am Bild: d'Eenelter Kapell.
De Menhir vun der Eenelter Kapell aus gesinn.

De Menhir vu Recken ass en anthropomorphe Menhir um Béisenerbierg, bei der Uertschaft Recken.

En ass ronn 3 m héich, huet en Duerchmiesser vu 70 cm a weit eng 4 Tonnen. Duerch en héijen Eisegehalt huet en eng gielzeg-brongelzeg Faarf. E gëtt an d'Neisteenzäit datéiert.[1]

E louch joerhonnertelaang an enger Wiss bal ganz ënnert dem Buedem. 1978 gouf e vu Membere vun den “Amis du Vieux Mersch” als Menhir identifizéiert an e puer Meter nieft der Fondplaz nees opgeriicht, fir um urprégleche Standuert spéider Fuerschungen z'erméiglechen.[2]

Dës goufen dann och 2001 vum Staatsmusée gemaach, fir de Steen datéieren ze kënnen. Et gouf och e Moulage gemaach, fir eng Kopie ze maachen.

Den 2. Juni 2017 gouf en als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[3]

Vun der Eenelter Kapell aus féiert e Pad bei de Menhir erop.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Foni Le Brun-Ricalens: Le menhir de Reckange-lès-Mersch - Le plus ancien "monument national", Die Warte Nr.9 vum 8. Mäerz 2018, S.6-7
  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 94-95.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Union Luxembourgeoise pour l'Histoire et le Patrimoine asbl (ed): Actualités historiques, Décembre 2011.
  2. François Valotteau: "Le menhir du Béisenerbierg à Reckange-lès-Mersch". In: Musée info 15/2002, S.22-23.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).