Mersenne-Primzuel
Eng Primzuel vun der Form
gëtt Mersenne-Primzuel genannt, an dat dem franséische Geeschtlechen a Mathematiker Marin Mersenne (1588-1648) zu Éiren. Et kann ee beweisen, datt eng Zuel vun der Form
héchstens dann eng Primzuel ka sinn, wann och
schonns eng Primzuel ass: Well wann
eng zesummegesaten Zuel ass, gesäit een opgrond vun der Faktorisatiounsformel
, datt och déi entspriechend Mersenne-Zuel keng Primzuel ka sinn. Et gëtt weider ugeholl, datt onendlech vill Mersenne-Primzuele existéieren; dat konnt awer nach net bewise ginn. Déi éischt Mersenne-Primzuelen ergi sech fir d'Exponenten
Ausserdeem sinn déi gréisste bekannte Primzuelen Mersenne-Primzuelen, well et fir dëse speziellen Zuelentyp am Ament déi beschten (d. h. déi séierst a sécherst) Primzueltester ginn.