Michael C. Hall

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Michael C. Hall (2008)

De Michael Carlisle Hall, gebuer den 1. Februar 1971 zu Raleigh, North Carolina an den USA ass en US-amerikanesche Schauspiller.

No sengem Ofschloss um College huet hie Carrière um Broadway an Off-Broadway gemaach. Seng bekannteste Rolle sinn déi vum David Fisher an der Televisiounsserie Six Feet Under, déi hie vun 2001 bis 2005 gespillt huet, an d'Haaptroll als Seriemäerder a Forensiker Dexter Morgan an der Televisiounsserie Dexter, déi säit Oktober 2006 an den USA leeft.

De Michael C. Hall ass am Mee 2002 mat der Schauspillerin Amy Spanger bestuet ginn. 2006 si si vunenee gaangen.

Filmographie [änneren]

Commons: Michael C. Hall – Biller, Videoen oder Audiodateien