Michael Jackson

Vu Wikipedia
Michael Jackson
Gebuertsnumm Michael Joseph Jackson
Gebuer 29. August 1958
Gary
Gestuerwen 25. Juni 2009
Los Angeles
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Dänzer, Liddermécher, Geschäftspersoun, Philanthrop, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Autobiograph, Museksproduzent, Filmschauspiller, Schauspiller, Entreprener, Museker, Discographesche Kënschtler, Sänger, Synchronspriecher, Konschtsammler, Lidderschreiwer, Mannequin, Dichter
Famill
Bestuet mat Lisa Marie Presley, Debbie Rowe
Geschwëster Janet Jackson
Kanner Prince Michael Jackson I, Paris Jackson, Prince Michael Jackson II

De Michael Joseph Jackson, gebuer den 29. August 1958 zu Gary, Indiana, a gestuerwen de 25. Juni 2009 zu Los Angeles, Kalifornien, war en US-amerikanesche Komponist, Sänger, Dänzer, Choreograph, Lidderschreiwer, Museker, Entertainer a Filmschauspiller.

Hie war zanter 1969 als Kënschtler aktiv an huet weltwäit iwwer 300 Millioune Placken, Kassetten an CDe verkaaft.

Seng Musek gehéiert an d'Kategorie R&B, Pop a Pop-Rock. Si gouf publizéiert bei Motown Records (1969-1976), Epic Records (1976-2006) an Two Seas Records (2006).

Wärend dem zweeten Deel vu senger HIStory Welt-Tournée ass de Michael Jackson och zu Lëtzebuerg opgetrueden. Bal 40.000 Leit sinn hien den 22. Juni 1997 op Beetebuerg um Krakelshaff kucke gaangen.

Hien ass de 7. vun sengen 9 Bridder. Seng Karriär huet scho mat 11 Joer ugefaange mat senge Bridder an enger Band den Jackson Five. 1971 huet hien eng solo Karriär ugefaangen, ass awer trotzdeem nach Member an der Band bliwwen. Säi Spëtznumm war "The king of pop".

Déi mescht verkaaft Albume vum Michael Jackson waren: "Off the Wall" the Wall (1979), Thriller (1982), Bad (1987), Dangerous (1991) an History (1995).

Ufank 1980 war de Michael Jackson ee Virbild vun der Musek. De Moonwalk ass säi Markenzeechen. Seng Musek a säi Stil hu ganz vill aner Museker inspiréiert. Am Laf vun senger Karriär huet hie vill Rekorder an der Museksindustrie gebrach an huet am Ganze 750 Milliounen Albumen verkaaft. "Thriller" gouf tëscht 65 an 108 Milliounemol verkaaft. Hien huet déi meescht Präisser kritt, wéi soss keen anere Museker. 2000 gouf de Michael Jackson fir de World Music Awards nominéiert.

Hie war 2-mol bestuet an huet 3 Kanner. Ausserdeem huet hien nach Piano, Percussion a Gittar gespillt. Seng Eltere waren den Joseph Jackson an d'Katherine Jackson. Säi Papp war selwer och Sänger, hie war ganz streng mat de Kanner, hien huet hinne verbueden owes erauszegoe well keng Sécherheet op de Stroosse war.

Den Zwillingsbruder Marlon ass e puer Stonnen no der Gebuert gestuerwen. Déi ganz Famill vun 12 Memberen huet an engem klengen Haus mat 2 Kummere gelieft.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michael Jackson – Biller, Videoen oder Audiodateien