Miley Cyrus
| Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Miley Ray Cyrus, gebuer den 23. November 1992 zu Nashville am Tennessee als Destiny Hope Cyrus, ass eng US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
Hiren Duerchbroch hat se mat der Tëleesserie Hannah Montana, an där se d'Haaptroll spillt.
Als klengt Kand krut d'Miley Cyrus de Spëtznumm Smiley, well si dacks gelaacht huet. Aus „Smiley“ huet sech iergendwann da „Miley“ entwéckelt. Am Januar 2008 dann, huet si hiren Numm offiziell vun Destiny Hope Cyrus a Miley Ray Cyrus ëmgeännert.
Inhaltsverzeechnes |
Liewen [änneren]
Kandheet a Jugend [änneren]
D'Miley Cyrus ass um Bauerenhaff vun hiren Elteren zu Thompson's Station (US-Bundesstaat Tennessee) opgewuess an ass do an d'Heritage Elementary/Middle School gaangen. Während hirer Schoulzäit war si am Cheerleader-Team Teneesee Allstars aktiv. Zënter 2005 lieft si mat hirer Famill zu Toluca Lake (Kalifornien). Si ass chrëschtlech opgewuess an ass 2005 an enger Kierch vun der Southern Baptist Convention gedeeft ginn.
Privat [änneren]
D'Miley Cyrus war vu Juni 2006 bis Dezember 2007 mam Nick Jonas an enger Bezéiung, wat si och 2008 offiziell an engem Interview bekannt gemaach huet. Am Juni 2009 huet si sech no néng Méint vum Model a Museker Justin Gaston getrennt. Zënter 2009 ass si mam Schauspiller Liam Hemsworth an enger Bezéiung, deen si beim Filmdréi vun The Last Song kennegeléiert huet. Anzweschen sin se och verlobt.
Am Märez 2009 huet si hir Biographie, Miles to Go, veröffentlecht.
Discographie [änneren]
Albumen [änneren]
- Meet Miley Cyrus - 2007
- Breakout - 2008
- The Time of Our Lives - 2009
- Can't Be Tamed - 2010
Singelen [änneren]
- See You Again - 2007
- Start All Over - 2008
- 7 Things - 2008
- Fly on the Wall - 2009
- The Climb - 2009
- Party in the U.S.A. - 2009
- When I Look at You - 2010
- Can't Be Tamed - 2010
- Who Owns My Heart - 2010
Filmographie [änneren]
- 2001-2003: Doc (Tëleesserie)
- 2003: Big Fish
- 2007: High School Musical 2 (Cameo)
- 2008: Hannah Montana & Miley Cyrus: Best of Both Worlds Concert
- 2008: Bolt (Penny, Stëmm)
- 2009: Hannah Montana: The Movie
- 2010: The Last Song
- 2010: Sex and the City 2
- 2011: Justin Bieber: Never Say Never
- 2012: LOL
- 2012: So Undercover
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Miley Cyrus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Miley Cyrus an der däitscher an an der englescher Versioun vun der Internet Movie Database
- Offiziell Websäit (en)