Militäresch Funkstatioun vu Pierre-sur-Haute

Vu Wikipedia
D'Militärbasis um Pierre-sur-Haute.

D'Militäresch Funkstatioun vu Pierre-sur-Haute ass eng militäresch Base an Telekommunikatiounsstatioun vun der franséischer Loftarméi op der Spëtzt vum Bierg Pierre-sur-Haute, op der Grenz vun den Departementer Loire a Puy-de-Dôme an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes. Donieft stinn zwou zivil bedriwwen Anlagen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1913 gouf op der Plaz vun der haiteger Militärbasis e Semaphoretelegraph gebaut.

1961, wärend dem Kale Krich, huet d'Nato déi franséisch Armé gefrot, fir do eng vun den 82 Statioune vum ACE High-Reseau ze bauen. D'Statioun vu Pierre-sur-Haute, FLYZ genannt, war an deem Reseau e Relais tëscht de Statioune Lachens (FNIZ) am Süden a Mont-Août (FADZ) am Norden. 1974 huet d'Franséisch Loftarméi d'Anlag iwwerholl. Tëscht 1981 an 1987 gouf se komplett renovéiert.

1988 huet d'NATO domat ugefaangen den Ace High-Reseau ofzebauen.

Kontrovers[änneren | Quelltext änneren]

De franséischen Inland-Geheimdéngscht Direction Centrale du Renseignement Intérieur (DCRI), war 2013 der Meenung datt am Artikel op der Wikipedia op Franséisch iwwer déi Statioun geheim militäresch Informatioune stéingen, wat dem Artikel 413-10 vum franséische Code pénal no strofbar ass. D'DCRI huet de 4. Mäerz 2013 d'Wikimedia Foundation ugeschriwwen, a gefrot, den Artikel aus deem Grond ze läschen. D'Wikimedia Foundation huet geäntwert, fir en ze läsche bräicht si méi Informatiounen, wat genee net am Artikel stoen däerft - d'Haaptquell war en Tëleesreportage vun enger Regionaler Televisioun aus dem Joer 2004, deen zanterhier och online ass.[1] Doropshin huet d'DCRI de 4. Abrëll 2013 de Rémi Mathis President vu Wikimédia France, enger Chapter-Organisatioun vun der WMF, deen och Administrateur op der franséischer Wikipedia war, an hir Büroe convoquéiert an e gezwongen, den Artikel virun hiren Aen ze läschen. Net laang duerno gouf den Artikel vun engem aneren Administrateur baussent Frankräich nees reaktivéiert.

De 6. Abrëll 2013 gouf déi ganz Affär doruechter bekannt, an et koum zu engem Streisand-Effekt: Den Artikel, dee virdru kaum iergendeen intresséiert huet gouf de 6. a 7. Abrëll 2013, deen op der franséischer Wikipedia, mat deene meeschte Vuen[2], den Artikel gouf an iwwer 20 Sproochen iwwersat, an de Medie gouf an Dosende vun Artikelen iwwer déi Affär (an domat och iwwer d'Sendestatioun) geschwat, déi domat zu enger ongewollter Bekanntheet koum.[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Militäresch Funkstatioun vu Pierre-sur-Haute – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "La base militaire de Chalmazel" Tëlees-Reportage vun Télévision Loire 7, 2004, gekuckt 2013-04-09).
  2. wikiscan.org
  3. Benedikt Fuest: "Streisand-Effekt: Geheimdienst blamiert sich mit Wikipedia-Löschung." Berliner Morgenpost 2013-04-07.