Mille-feuille

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
En traditionelle franséische Mille-feuille

E Mille-feuille ass eng Pâtisserie aus Frankräich, déi gemenkerhand aus dräi Couchë Bliederdeeg an zwou Couchë Crème pâtissière besteet, mat uewen drop entweder glaséiertem Zocker oder marbréierte Fondantssträifen.

Origine an Numm[änneren | Quelltext änneren]

Déi genee Origine vun der Patisserie ass onbekannt. De François Pierre La Varenne beschreift se eng éischt Kéier a sengem Cuisinier françois vu 1651, ugaangs vum 19. Joerhonnert gouf d'Rezept du vum Marie-Antoine Carême perfektionéiert.

De romaneschsproochegen Numm geet zréck op déi grouss Zuel un Deegblieder aus deem dës Patisserie besteet (Dausend-Blieder). No der traditioneller Method mat 6 Etappe vun dräifachem Falen huet en a Wierklechkeet 729 Bliederpuer, modern Methode bréngen et awer souguer op bis zu 2048.

Déi engleschsproocheg, nordesch a slawesch Bezeechnung schéngt dogéint op "napolitain" zréckzegoen, dat franséischt Adjektiv fir déi italienesch Stad Neapel, déi och heiansdo als Origine vum Rezept hierhale muss. No den Napoleonesche Kricher ass dunn eng Verformung dovun opkomm, déi e Lien am Krichshär Napoléon gemaach huet.

A Frankräich gëtt en normale Mille-feuille mat Mandelscrème Napoléon genannt.

Varianten[änneren | Quelltext änneren]

An Italien ass a Mille foglie dacks gefëllt mat Spinat, Kéis oder Pesto. Beléift ass awer och d'Variant aus Blieder- a Biskuitsdeeg, mat enger Fëllung aus Crème an Äerdbier.

A ville Länner gëtt déi mëttelst Schicht Bliederdeeg ganz ewechgelooss an amplaz da just eng héich Schicht Crème pâtissière, Bottercrème, Schlagsahn oder Gebeess ass. Sou zum Beispill beim belschen an hollänneschen Tompouce, der ungarescher Királyi francia krémes, der jugoslawescher Kremna rezina oder der polnescher Kremówka.

A Russland dogéint huet en Napoleon 4-10 Schichte Bliederdeeg: Napoleon (Russesche Kuch).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mille-feuille – Biller, Videoen oder Audiodateien