Mitch Albom

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mitch Albom

De Mitchell David Albom, gebuer den 23. Mee 1958 zu Trenton, New Jersey, USA, ass een US-amerikaneschen Auteur, Sportjournalist, Radiomoderator an Fernsehkommentateur.

Hien huet un der Bandeis University an un der Columbia University studéiert. Éier hie Journalist gouf, war hien Amateurboxer, Nightclubsänger a Pianist.

De Mitch Albom huet 1998 de Roman Tuesdays with Morrie geschriwwen, deen, nodeems en an der Show Oprah's Book Club vum Oprah Winfrey virgestallt gi war, an Amerika ganz erfollegräich gouf. D'Tëleverfilmung mam Hank Azaria an Jack Lemmon war ee vun de meescht gekuckte Fernsehfilmer am Joer 1999 an den USA. De Film krut 4 Emmies.

Säi Roman "The Five People You Meet in Heaven" (2005) war och een New York Times-Bestseller. Kritiker hunn en awer ze sentimental fonnt. Och dëse Roman gouf fir den US-Fernseh verfilmt mam Jon Voight, Ellen Burstyn, Michael Imperioli an Jeff Daniels. Säin neie Roman heescht "For One More Day" noch (2006).

No den Erfahrunge mam Morrie Schwartz huet hien eng Hëllefsorganisatioun gegrënnt mam Numm "A Time to Help". All Mount féiert dës Grupp ee Projet duerch fir den Detroiter Leit ze hëllefen. Den Albom a säi Radiocomoderateur Ken Brown féieren de Projet an a versichen "A Time to Help" als Katalysateur fir méi fräiwelleg Engagementer ze notzen.

De Mitch Albom trëtt regelméisseg a Fernsehsendungen op wéi Sports Reporters a SportsCenter vun ESPN op. Seng Radioshow gëtt vu WJR zu Detroit ausgestrahlt.

Den Albom spillt an enger Rockband déi The Rock Bottom Remainders heescht. Jiddereen aus der Band ass Schrëftsteller.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen