Mohammed ibn Ishaq

Vu Wikipedia
Mohammed ibn Ishaq
Gebuer 704
Medina
Gestuerwen 767 jul.
Bagdad
Aktivitéit Historiker, Biograph

De Mohammed ibn Ishaq, gebuer ëm 704 zu Medina a gestuerwen zu Bagdad am Joer 767 oder 768, war e mosleemesche Schrëftgeléierten.

Hien hat ëm 737 zu Alexandria säi Studium fir Hadith (islamesch Spréch an Handlunge vum Prophéit Mohammed) gemaach. Wéinst engem Konflikt mat engem Matbierger huet hien aus Medina misse fortlafen. No engem hin an hier, huet hie sech zu Bagdad niddergelooss an huet am Optrag vum Kalif al-Mansur tëscht 760 a 767/768 déi bis haut bekanntst Mohammedbiographie geschriwwen.