Moku Manu
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Moku Manu (engl.: Bird Island, däitsch: Vogelinsel) ass eng kleng, onbewunnten Insel am Archipel vun Hawaiʻi an zielt zum Honolulu County. Se läit just ongeféier 1,3 Kilometer virun der Ostküst vun der Insel Oʻahu, net wäit vun der Mokapu-Hallefinsel.
Geographesch Koordinaten:
21° 28’ 22’’ N 157° 43’ 23’’ W
D'Insel ass ongeféier 410 m laang, 210 m breet an huet eng Fläch vun 8,4 ha.
| Commons: Moku Manu – Biller, Videoen oder Audiodateien |