Moosplanzen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Moosplanzen | |||||
|---|---|---|---|---|---|
|
Liewermoos |
|||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||
|
|||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||
| Bryophyta |
|||||
| Ofdeelungen | |||||
Moosplanzen, déi wëssenschaftlech Bezeechnung ass Bryophyta (griich.: bryon = Moos; phyton = Planz), sinn eng Ofdeelung vun de Planzen a gehéieren zu de Landplanzen (Embryophyta).
Moosplanzen hu weder e Still nach Wuerzelen. Dat meeschte Moos ass bebliedert Lafmoos. Si si wéi d'Gefässporeplanzen heteromorph a wiessele vu Generatioun op Generatioun tëscht zwou Gestalten: dem Gametophyt mat einfachem Chromosomesaz an dem Sporophyt mat duebelem Chromosomesaz.
Systematik [änneren]
Ënnerräich Moosplanzen
- Ofdeelung Lafmoos (Bryophyta)
- Ofdeelung Liewermoos (Hepaticophyta)
- Klass Liewermoos (Hepaticae)
- Uerdnung Sphaerocarpales
- Uerdnung Marchantiales
- Uerdnung Monocleales
- Klass Liewermoos (Hepaticae)
- Ofdeelung Hornmoos (Anthocerotophyta)
- Klass Hornmoos (Anthocerotae)
| Commons: Moosplanzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |