Moschter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Moschtervarianten

De Moschter ass ee schaarft Gewierz dat aus de gemuelene Somkäre vum wäissen, brongen oder schwaarze Sinnef gemaach gëtt. Et fënnt een en duerno a verschiddenste Formen a Geschmaacher erëm. Dee bekannteste vun deene schaarfen ass wuel de Moschter vun Dijon. Duerfir hunn och vill Rezepter, bei deene Moschterzoossen derbäi sinn, op Menüskaarten den Zousaz à la dijonnaise.

Am Handel fënnt een de Moschter soss nach als ganz Kären, als Polfer, an als eng Zort Zooss an där de Moschterpolver mat Ueleg an Esseg an nach verschiddenen anere Gewierzer vermëscht ass, déi dann och deementspriechend säi Goût veränneren.

Englesche Moschter [änneren]

Am Englesche Moschter ass zousätzlech Cayennepeffer. Dowéinst ass dee besonnesch schaarf.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Moschter – Biller, Videoen oder Audiodateien