Orangerie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Orangerie am Park vum Thermalbad zu Munneref
D'Orangerie am Park vum fréiere Klouschter Iechternach

Eng Orangerie ass e Gebai, dat gebaut gouf, fir doranner Orangebeem an aner Planzen, déi de Frascht fäerten, am Wanter ënnerdaach ze stellen.

Ufanks huet den Ausdrock Orangerie sech am Franséischen op Uplanzunge vun Orangebeem (déi am Buedem stoungen) bezunn. Déi sinn am 16. Joerhonnert um franséische Kinnekshaff a Moud komm.

Den André Le Nôtre, Chef-Gäertner zu Versailles ënnert dem Louis XIV., hat eng Kar entwéckelt, fir Beem a Kiwwelen ze transportéieren, an esou konnten se, fir se iwwert de Wanter ze versuergen, an d'Orangerie bruecht ginn.

Haut bezitt den Ausdrock sech bal nëmme méi op d'Gebai.

Orangerien zu Lëtzebuerg [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Orangeries – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]