Original Equipment Manufacturer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ënner Original Equipment Manufacturer ofgekierzt OEM, versteet ee materiell oder immateriell Produkter, déi vun engem Fabrikant hiergestallt ginn, déi iewer net selwer vun him an den Handel bruecht ginn. Dat ass de Fall fir vill Kategorie vu Wueren, Hardware (materiell Objeten) oder Software (Programmer). An der Informatik gëtt den OEM-Begrëff dofir vill gebraucht.

[änneren] Hardware

Computere ginn haut vill an Asien, meeschtens an Taiwan produzéiert, iewer ënner engem aneren Numm, wéi dee vum Produzent verkaaft. Duerch den Discount, deen accordéiert gëtt, kommen onduerchsichteg Präisënnerscheeder zoustan, vu deene munechmol d'Keefer profitéiere kënnen.

[änneren] Software

Méi dacks nach fënnt een de Begrëff OEM bei der Computer-Software erëm.

Microsoft z.B. verkeeft vereinfacht Versioune vu senger Software un Hardware-Produzenten, déi si dann installéiert mam Computer verkafen, oder och heiandsdo sonner un hir Cliente weiderginn, an zwar zu méi bëllege Präisser, wéi wann e se géif am Handel vu Microsoft bezéien.

Och wann theoretesch dës Software nëmmen a Verbindung mat dem betreffende Computer genotzt däerf ginn, fënnt een trotzdem am Handel bëlleg OEM-Versioune vu Microsoft-Programmen (oder aneren), deenen hir Originnen ongewëss an hir rechtméisseg Zouloossung ëmstridden ass.

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools