Ostrakismos

Vu Wikipedia
Schierbel (Ostrakon) mam Numm vum Themistokles.

Den Ostrakismos (gr.: ὀστρακισμός) oder d'Schierbelegeriicht war eng Justizprozedur an der Athenescher Demokratie, fir Bierger aus der Stadkommunautéit fir zéng Joer ze verbannen, ouni datt dëse säi Besëtz verluer huet.

D'Prozedur gouf och zum Deel an anere Poleis benotzt, sou erzielt den Aristoteles zum Beispill vu Fäll zu Argos[1]. Zu Syrakus gouf d'Institutioun Petalismos genannt, well d'Nimm op Blieder vun den Olivebeem (πέταλον / petalon) geschriwwe goufen, an d'Dauer vun der Verbannung ware fënnef Joer[2].

Den Ostrakismos gëtt traditionell dem Kleisthenes zougeschriwwen, mä zu engem éischte Schierbelegeriicht koum et eréischt am Joer 488 v. Chr.. All Joer wärend der sechster Prytaneia (tëscht Januar a Februar) huet d'Ekklesia eng Wal ofgehalen, fir erauszefannen, op en Ostrakismos noutwenneg war. D'Wal gouf einfach sou duerchgefouert, datt jiddwereen, deen dofir war, d'Hand gehuewen huet, et koum zu kenger Debatt, an d'Nimm vun de Verdächtege goufen net verroden. Wann d'Versammlung sech eens war, datt en Ostrakismos noutwenneg war, huet sech d'Ekklesia an der Prytaneia drop nacheemol versammelt, an all Bierger dee wiele wollt, huet en Numm op eng Tounschierbel (Ostrakon) geschriwwen, vun deem hien iwwerzeegt war, et wir besser fir Athen, wann dës Persoun verbannt géif ginn. Och déi Kéier koum et zu kengen Debatten. Wa sech eng Majoritéit vun engem Numm gewisen huet, huet déi Persoun d'Stad Athen bannen zéng Deeg misse verloossen, an duerft sech zéng Joer net méi zu Athen weisen. Déi Strof war allerdéngs dacks theoreetesch, vill Affer vum Ostrakismos goufe fréizäiteg nees zeréckgeruff.

Ostrakon mam Numm vum Aristeides.

Den Ostrakismos gouf virun allem als politesch Waff tëscht den Hetaireia, den aristokratesche Fraktiounen, am éischte Véirel vum 5. Joerhonnert v. Chr. benotzt. D'graphologesch Analys vun enger honnert Ostraka, déi op der Agora fonnt goufen, hu gewisen, datt fir eng Wal knapps 10 verschidde Schrëften nozeweise waren: dëst gëllt als Beweis dofir, datt d'Schierbele schonn am Viraus preparéiert goufen, a vun de Fraktiounen un hir Clientèle weidergereecht goufen. D'antik Literatur stëmmt dëse Vermuddungen zou: De Plutarch erzielt, datt e Bauer, deen net schreiwe konnt, hie gefrot huet, den Numm op d'Schierbel ze schreiwen[3]. Am selwechte Passage erkläert den Auteur wéi den Hyperbolos 417 duerch eng Entente tëscht dem Nikias an dem Alkibiades en Affer vum Ostrakimos ginn ass.

Deen éischte Personnage, deen ostrakiséiert gouf, war den Hipparchos ëm 487, gefollegt vum Megakles 486 aus der Famill vun den Alkmaioniden. Aner berüümt Leit, déi ostrakiséiert goufe waren de Xanthippos, den Aristeides, de Kimon, den Themistokles an den Thukydides. Dat lescht Affer war den Hyperbolos ëm 417.

D'Verschwanne vum Ostrakismos léisst sech duerch d'Méiglechkeet vun anere Methoden erklären, déi manner staark waren, fir politesch Géigner lass ze ginn. D'Eisangelia war déi wichtegst dovun.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Stefan Brenne, Ostrakismos und Prominenz in Athen. Attische Bürger des 5. Jhs. v. Chr. auf den Ostraka, Tyche, Wien, 2001. (ISBN 3-85493-033-X)
  • Martin Dreher, "Verbannung ohne Vergehen. Der Ostrakismos (das Scherbengericht)", In: Große Prozesse im antiken Athen, München, 2000.
  • Mogens Herman Hansen, The Athenian Democracy in the age of Demosthenes, Oxford, 1987. (ISBN 0-8061-3143-8)
  • Peter Siewert (Ersg.), Ostrakismos-Testimonien, Bd. 1: "Die Zeugnisse anticker Autoren, die Inschriften und Ostraka über das athenische Scherbengericht aus vorhellenistischer Zeit (487-322 v. Chr.)", Stuttgart, 2002. (ISBN 3-515-07947-5)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Aristoteles, Politika, VIII, §5.
  2. Diodorus Siculus, Bibliotheke, XI, Kapitel XXXV.
  3. Plutarch, Liewe vum Aristeides, VII, 7–8.