Papperlapapp

Vu Wikipedia
Papperlapapp 1/2006

De Papperlapapp ass eng Zäitschrëft fir Membere vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten déi an der Branche (Altersstuf) AvEx sinn. Se kënnt 3-mol am Joer eraus. Dës Publikatioun huet 28 Säiten a gëtt zum Deel vun de Memberen / Jugendleche matredigéiert. D'Ausgab vum Januar 2006 hat eng Oplo vun 1340 Stéck.

Rubricken déi am Paperlapapp enthale sinn:

  • Wéi dann? (En nodenklechen Text, Artikel oder eng Foto)
  • Papperlatip (gutt Rotschléi fir Bastelen, Kachen, Sangen a wat soss nach bei de Guiden a Scouten ufält)
  • Papperlanet (Rubrik iwwer Internet an Tools rondrëm dat weltwäit Netz)

Papperlatip[änneren | Quelltext änneren]

Dës Rubrik enthält virun allem praktesch Ureegungen (Bastel-Atelieren, Kachrezepter, Lidder, Spillreegelen, asw.). Si kann duerch Ausschneiden aus dem Paperlapapp zu engem Sammelheft zesummegefaasst ginn.

Papperlanet[änneren | Quelltext änneren]

De Schwéierpunkt vun dëser Rubrik ass den Internet an alles wat mam Spaweck zesummenhänkt. Sou sinn ë. a. follgend Theme schonn erkläert ginn:

  • Messenger wat ass dat?
  • Akafen iwwer Internet, wéi geet dat?
  • Wat ass e Guestbook?
  • Wat ass eng Fotogallerie?
  • Wéi kommen ech op den Internet?
  • Wéi fonctionéiert E-mail, a wat ass dat?
  • Wat sinn News?
  • Filesharing a Peer-to-Peer Netzer, wat däerf een a wat net?

Aner Zäitschrëften[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten publizéieren och nach follgend Zäitschrëften, déi méi oder manner reegelméisseg erauskommen:

  • En Route (fir RaRo)
  • Contact (fir Chef)