Parc d'activité Syrdall

Vu Wikipedia

De Parc d'activité Syrdall ass eng Industriezon zu Mënsbech an der Gemeng Schëtter. De Parc d'activité läit un der Sortie Mënsbech vun der Tréirer Autobunn (A1).

Am Parc d'activité Syrdall schaffen zirka 3500 Leit.

Ëffentlechen Transport[änneren | Quelltext änneren]

D'Industriezon ass u véier Buslinnen ugeschloss (d'Linnen 117, 142, 144, 740). Vun der Gare vu Mënsbech fiert e Shuttlebus (Linn 742) bis an de Parc d'activité.