Parverband Wooltz
De Parverband Wooltz war bis 2013 e Parverband an der Pastoralregioun Norden an huet aus follgende 5 Pare mat hire Filialkierche bestanen. E gouf an den neie Parverband Wooltz, Kiischpelt integréiert.
Déi 5 Pare hu sech iwwer d'Gebitt vun de Gemenge Wolz, Wanseler, Stauséigemeng an Eschweiler verdeelt.
Fréier Ännerungen am Parverband[änneren | Quelltext änneren]
Bis zum August 2013 hunn d'Pare Bärel, Donkels an Näertrech zum Parverband Sankt Pirmin gehéiert. Duerno hu se zum Parverband Wooltz gehéiert.[1]