Pass (Dokument)
E Pass (vum franséische passeport) ass en offiziellt Dokument, dat vun engem Staat ausgestallt gëtt an déi Persoun fir déi en ausgestallt gouf, den Titulär, identifizéiert.
An engem Pass ass gewéinlech ë.a. eng Foto, dat sougenannte Passbild, den Numm, de Gebuertsdatum an d'Gebuertsplaz, d'Nationalitéit an d'Ënnerschrëft vum Titulär ze fannen. Déi meescht Päss kënnen hautdesdaags mat Maschinne gelies ginn. Zënter e puer Joer ginn ëmmer méi systematesch biometresch Donnéeën op engem agebauten RFID-Chip ofgespäichert, fir et bal onméiglech ze maachen, e Pass ze fälschen, mee och, fir d'Kontrolle vun de Leit mei efficace ze maachen.
An engem Pass ginn et eidel Säiten, op déi d'Autoritéite vun deene Länner, an déi ee reest, Visae kënnen androen, déi et engem erlaaben, meeschtens fir eng bestëmmten Dauer, an dat Land ze reesen. Op déi Säite kommen och d'Stempele mat Datummen déi uginn, wéini een an- a wéini ausgereest ass.
Bierger vun der Europäescher Unioun (EU) brauche kee Pass, fir bannent der EU, an an e puer Nopeschlänner, wéi z.B. d'Schwäiz ze reesen, dofir geet eng Identitéitskaart duer.
Et gëtt traditionnel ënnerscheet tëscht engem gewéinleche "Reespass", engem "Diplomatepass", deen Diplomaten a soss diplomatesch Vertrieder vun engem Staat kréien, engem "Spezialpass", fir héichrangeg Regierungsvertrieder, an engem "Déngschtpass", dee Fonctionnairen, Beamten, oder anert Personal vun engem Land kréien, déi am Ausland ze dinn hunn, asw.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Passports – Biller, Videoen oder Audiodateien |