Pedro Passos Coelho

Vu Wikipedia
Pedro Passos Coelho
Funktioun
Partei Partido Social Democrata
Biographie
Gebuer 24. Juli 1964
Coimbra
Educatioun Universitéit vu Lissabon


De Pedro Manuel Mamede Passos Coelho, genannt Pedro Passos Coelho, gebuer de 24. Juli 1964 zu Coimbra, ass e portugisesche Geschäftsmann a Politiker. Hien ass zanter 2010 de President vun der mëtt-rietser Partido Social Democrata (PSD).

De 5. Juni 2011 huet de Passos Coelho déi virgezunne Parlamentswale gewonnen an ugekënnegt, mat der konservativer CDS-PP eng Koalitioun wëllen ze maachen.

De Passos Coelho huet seng Kandheet an Angola verbruecht, wou säi Papp Dokter war. No der Oeillets-Revolutioun ass d'Famill a Portugal hannescht gaangen. Scho mat 14 Joer gouf hie Member vun der sozialdemokratescher Jugend, vun 1991 bis 1999 war en Deputéierten an der portugisescher Nationalversammlung, wou e vun 1996 bis 1999 Vizepresident vun der PSD-Fraktioun war.

Mat 37 Joer huet en 2001 säin Ekonomiesstudium op der Lusíada-Universitéit zu Lissabon ofgeschloss. Duerno war e Consultant fir verschidde Firmen a gouf 2004 Finanzmanager bei der Entreprise Fomentinvest, wou en 2007–2009 am Conseil d'administration war a President vun den Duechterfirmen Ribtejo an HLC Tejo. Niewelaanscht huet hien op der Héichschoul fir Pedagogik zu Lissabon Coursë ginn.

De Passos Coelho war och 2001 Matgrënner vu Thinking Portugal, an hie war vun 2005 bis 2011 President vum Gemengerot vu Vila Real. 2008 huet hien de Think tank "Construir Ideias" gegrënnt.

De 15. Juni 2011 gouf hie Ministerpresident vu Portugal. Bei de Parlamentswale vum 4. Oktober 2015 blouf seng Partei déi stäerkst, konnt awer just eng Minoritéitskoalitioun mat der konservativer CDS-PP op d'Been kréien. Knapps zwou Wochen drop hunn d'Oppositiounsparteien (d'Sozialisten (PS), d'Kommunisten (PCP) an d'Lénksblock (BE)) als Lénksblock, der Regierung d'Vertrauen entzunn, an de Coelho ass den 11. November zeréckgetrueden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pedro Passos Coelho – Biller, Videoen oder Audiodateien