Peterhof

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Pavillon vun der Peterhof-Residenz vu vir
Truechte virun der Residenz



De Peterhof war de russeschen Zaren hire Summerpalais. De Palais selwer, säi Park, seng Sprangburen, Cascaden a Waasserspiller si weltbekannt a ginn als Kennzeechen vun der russescher artistescher Kultur am 18. an 19. Joerhonnert betruecht.

Et war de Péiter de Groussen, deen direkt um Ufank vum 18. Joerhonnert d'Initiativ ergraff huet, fir net wäit vu senger Haaptstad Sankt Petersburg, dës aussergewéinlech Summerresidenz mat allem Drëm an Drun ze bauen. Säi Park mat sengen 176 verschiddene Sprangbueren, Waasserfäll an Statuen weist en aussergewéinleche Räichtum op. Am bekannteste sinn d'Waaserspiller hannert dem Palais, do wou den Zar mam Schëff ugeluecht huet, wann en a seng Summerresidenz koum. De Palais mat senge ville Kollektioune ka besicht ginn. No 1917 huet de russesche Staat de Peterhof iwwerholl a fir d'Erhalung vun dësem Bijou gesuergt.

D'Waasserspiller op der Récksäit vun der Peterhof-Residenz

[änneren] Kuckeswäertes

  • De Park
  • Déi grandios Waasserspiller
  • D'Kollektiounen am Palais

[änneren] Um Spaweck

Commons: Peterhof – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen