Pierre Sergescu

Vu Wikipedia
Pierre Sergescu
Gebuer 17. Dezember 1893
Drobeta-Turnu Severin
Gestuerwen 21. Dezember 1954
Paräis
Nationalitéit Rumänien, apatride
Educatioun Universitéit vu Bukarest,
Faculté des sciences de Paris
Aktivitéit Mathematiker
Member vun Rumänesch Akademie

De Pierre (Petre) Sergescu, gebuer de 17. Dezember 1893 zu Drobeta-Turnu Severin a Rumänien a gestuerwen den 21. Dezember 1954 zu Paräis, war e rumänesche Mathematiker a Wëssenschaftshistoriker.

Vun 1925 bis 1943 huet hien d'Analyse mathématique op der Universitéit vu Cluj a Rumänien enseignéiert. Vun 1943 bis 1947 war hie Professer fir Géométrie analytique a Géométrie différentielle, an dono Rekter vun der École polytechnique vu Bukarest. Vun 1929 bis 1948 huet hien d'mathematesch Zäitschrëft Mathematica erausginn. Vun 1950 u war hien den Directeur général vum Instititut universitaire roumain Charles I zu Paräis.[1]

De Pierre Sergescu war vun 1937 u Member vun der Rumänescher Akademie (Academia Română). 1946 huet hie Rumänien verlooss a sech a Frankräich installéiert.[2] Vun 1947 bis 1950 war hie President an dono vun 1950 u Secrétaire perpétuel vun der Académie internationale d'histoire des sciences. Hie war Generalsekretär vun der Union internationale d'histoire des sciences a Member vum Comité international des Unions scientifiques (ICSU). Hie war och Direkter vun der Zäitschrëft Archives internationales d'histoire des sciences.[1]

De Sergescu stoung a Verbindung mam lëtzebuergesche Mathematiker a Physiker Albert Gloden op deem seng Invitatioun hien 1952 zwou Konferenzen zu Lëtzebuerg gehalen huet: déi éischt de 14. Dezember op der Tribün vun der Université catholique populaire iwwer d'wëssenschaftlecht Wierk vum Leonardo da Vinci, déi zweet de 15. Dezember am Kader vun de Sëtzunge vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) iwwer den Theema La naissance du calcul infinitésimal.[3]

An der Generalversammlung vun der SNL vum 5. Januar 1953 ass de Pierre Sergescu Éieremember vun der SNL genannt ginn[1]; e Joer méi spéit huet d'SNL säin Doud missen zur Kenntnes huelen.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gloden, A., 1968. Pierre Sergescu et l'histoire des sciences au Grand-Duché de Luxembourg. Janus, Leiden 55(1968), S. 59-60.
  • Taton, René, 1955. Pierre Sergescu (1893-1954). In: Revue d'histoire des sciences et de leurs applications, tome 8, n°1, S. 77-80.[4]

Weider Literatur iwwer de P. Sergescu ass ze fanne bei: References for Petre Sergescu. [5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Assemblée générale du 5 janvier 1953. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 57(1952), 260-261.[1]
  2. Taton 1955, S. 79.
  3. Séances des mois de novembre et décembre 1952. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 57 (1952), S. 248, S. 251-254.[2]
  4. Assemblée générale du 3 janvier 1955. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 59(1954), S. 241 (Gedenkminutt fir de P. Sergescu).[3]