Plakatsail

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Plakatsail an der Stad Lëtzebuerg

Plakatsailen huet de Paräiser Prefekt Rambuteau schonns 1842 opstelle gelooss, fir offiziell Affischen ophänken ze kënnen, ouni d'Stadbild ze verschampléieren.

E Berliner Drécker, den Ernst Litfaß (1816-1876) hat dat matkritt an eng Demande gemaach, fir där Sailen a senger Heemechtsstad däerfen opzestellen. Am Dezember 1854 krut hie vum Berliner Polizeipresident d'Autorisatioun, an den 1. Juli 1855 ass déi éischt vu sengen honnert "Annoncier-Säulen" opgeriicht ginn. Sou koum de Litfaß zu engem Monopol, dee bis 1880 gegëllt huet.

Enn 2004 stoungen an Däitschland ronn 67.000 Plakatsailen. Zu Lëtzebuerg huet hir Zuel an de leschte Jorzéngte staark ofgeholl.[Source ?]

Fir ze liesen [änneren]

  • Peter Payer: Die Säulen des Herrn Litfaß, in: Peter Payer, Blick auf Wien. Kulturhistorische Spaziergänge 2007, Wien, Czernin Verlag.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Plakatsailen – Biller, Videoen oder Audiodateien