Popocatépetl

Vu Wikipedia
De Popocatepetl vun Amecameca aus (a Richtung Südost)

De Popocatépetl ass en aktive Vulkan an den Zentralmexikanesche Bundesstaate Puebla, México a Morelos, a läit op der ëstlecher Säit vun der transmexikanescher Vulkan-Ceinture. Mat enger Héicht vu 5.426 m ass et deen zweethéchste Bierg a Mexiko, nom Pico de Orizaba (5.636 m).

De Popocatépetl läit eng 70 km südëstlech vu Mexiko-Stad, vu wou aus een e bei propperer Loft ka gesinn. Bis viru kuerzem war et ee vun den dräi Bierger a Mexiko mat engem Gletscher drop. Duerch déi allgemeng Erwäermung an duerch vulkanesch Aktivitéiten ass de Gletscher ufanks 2001 verschwonnen. Et gëtt awer nach Äis um Bierg.

Den Numm Popocatépetl kënnt vun den Nahuatl-Wierder popōca [popoːka] 'wat dämpt' an tepētl [tepeːt͡ɬ] 'Bierg', deemno "Bierg deen dämpt". D'Mexikaner nennen en El Popo.

De Vulkan ass eng 730.000 Joer al. En ass aktiv; 1991 huet seng Aktivitéit zougeholl an zanter 1993 kënnt konstant Damp aus sengem Krater. Zanter 1519 gouf et 15 gréisser Eruptiounen, déi bis ewell lescht 2000.

Den 21. Dezember 1994 huet de Vulkan Äschen a Gaser eng 25 km héich an d'Luucht gespaut. Am Dezember 2000 goufen Zéngdausende vu Leit evakuéiert an et koum zum gréissten Ausbroch zanter 1.200 Joer. Op Chrëschtdag 2005 koum et nees zu enger Explosioun bei där Äschen a Gaser erausgespaut goufen, an am Januar 2012 nach eng Kéier zu enger Gasexplosioun.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Popocatépetl – Biller, Videoen oder Audiodateien