Q2511020

Vu Wikipedia
D'Baach bei der Bréck vun der Mille vu Le Sen

Q2511020 ass de Codenumm beim Sandre fir eng Baach um Territoire vun der Gemeng Le Sen an de Landes a rietsen Niewefloss vum Estrigon.

Se huet hir Quell südlech vun der Lande des Grabiéous op der Gemengegrenz mat Lencouacq op enger Héicht vun 115 Meter. Vun do leeft se praktesch de ganzen Zäit no Westen bis op de Lieu-dit Le Peyret wou se kuerz virun der Bréck op der D392 hire Laf no Süden an Direktioun Le Sen ännert, fir no ronn engem Kilometer op enger Héicht vu 94 Meter vu riets an den Estrigon ze lafen.

D'Baach ass 5,2 Kilometer laang an huet 4 Niewebaachen déi och nëmme mat hire Codenimm bekannt sinn.