Ranil Wickremesinghe

Vu Wikipedia
Ranil Wickremesinghe
Gebuer 24. Mäerz 1949
Colombo
Nationalitéit Sri Lanka
Aktivitéit Politiker, Affekot
Famill
Papp Cyril Esmond Lucien Wickremesinghe

De Ranil Wickremesinghe (රනිල් වික්‍රමසිංහ; ரணில் விக்கிரமசிங்க), gebuer de 24. Mäerz 1949 zu Colombo, ass e sri-lankeschen Affekot a Politiker.

Hien ass Member an zanter 1994 President vun der Nationaler Eenheetspartei. Hie war e puermol Premierminister vu sengem Land: Vum 7. Mee 1993 bis den 19. August 1994, vum 9. Dezember 2001 bis de 6. Abrëll 2004, vum 9. Januar 2015 bis den 21. November 2019, an dann, no enger konstitutioneller Kris, nach eng Kéier vum 12. Mee 2022 bis de 15. Juli 2022, den Dag wou en zum Intrerims-Staatspresident ernannt gouf.

Den 20. Juli 2022 gouf en dunn offiziell vum Parlament als Nofollger vum Gotabaya Rajapaksa, deen zeréckgetruede war, gewielt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ranil Wickremesinghe – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]