Rosch ha-Schanah

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Rosch ha-Schanah (hebr.: Kapp vum Joer; ראש השנה; och Rosch ha-Schana geschriwwen) ass de jiddesche Neijoerschdag. D'Mischna, dat zentralt Wierk vun der jiddescher mëndlecher Iwwerliwwerung, leet dësen Dag als Ufank vum Joer fir d'Berechung vum Kalennerjoer fest.

Rosch ha-Schanah fält no dem jiddesche Kalenner op den éischten Tischri, dat heescht Enn September oder Ufanks Oktober. Well de jiddesche Kalenner mat Moundméint rechent an all puer Joer e Schaltmount dobäisetzt, wiesselt de geneeën Datum nom Gregorianesche Kalenner vu Joer zu Joer. Op Rosch ha-Schanah fänken déi zéng Yamin Noraim (hebr.: "schlëmm Deeg") un, déi mam "Versöhnungsfest" Jom Kippur ophalen.

D'Neijoerschwënsch "Gudde Rutsch!" ass eng Verdiebelung, déi mat "Rutschen" iwwerhaapt näischt ze dinn huet! Aus dem jiddesche Grouss "Gut Rosch!" (Rosch = Kapp, Ufank), also "e schéint neit Joer" gouf da mat der Zäit de "Gudde Rutsch!".

Rosch ha-Schanah fänkt am Hierscht un, um Dagesenn tëscht den 29. Dag vum jiddesche Mount Elul. D'Fest dauert zwéin Deeg bis d'Dagesenn vum zweeten Dag vum Mount Tischri.

Rosch ha-Schanah gëtt 162 Deeg nom éischten Dag vum Pessachfest gefeiert. No dem aktuelle Gregorianesche Kalenner kann Rosch ha-Schanah net virun de 5. September falen, wéi an de Joren 1899 an 2013. Nom Joer 2089 wäerten d'Differenezn tëscht dem jiddeschen an dem gregorianesche Kalenner, datt Rosch ha-Schanah net virum 6. September leie kann. Rosch ha-Schanah kann net méi spéit wéi de 5. Oktober leien, wéi zum Beispill am Joer 1967 an nees am Joer 2043. De jiddesche Kalenner ass sou opgebaut, datt den éischten Dag vu Rosch ha-Schanah ni op e Mëttwoch, Freideg oder Sonndeg fält.

Dës Lëscht weist d'Deeg vun Rosch ha-Schanah fir déi nächst Joren. Rosch ha-Schanah fänkt u bei Sonnenënnergang vum Owend virun deem Dag, deen hei opgelëscht ass:

5763 7. September 2002
5764 27. September 2003
5765 16. September 2004
5766 4. Oktober 2005
5767 23. September 2006
5768 13. September 2007
5769 30. September 2008

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rosh Hashanah – Biller, Videoen oder Audiodateien