Roses Revolution

Vu Wikipedia
Eng Rous vum Roses Revolution Day 2023 an Éisträich

Roses Revolution ass eng international Beweegung, déi a Spuenien 2011 als La Revolución de las Rosas gestart gouf, fir géint Gewalt an der Gebuertshëllef ze protestéieren.

Roses Revolution feiert de Roses Revolution Day all Joer de 25. November, deen zënter 1981 den Internationalen Dag fir d'Eliminatioun vu Gewalt géint Fraen ass. Déi betraffe Fraen hannerloosse Rousen a Messagen un déi betraffen Dokteren an Hiewane virun de Spideeler an de Gebuertssäll, wou si bei der Gebuert vun hire Kanner Gewalt erlieft hunn.

Roses Revolution bericht doriwwer op soziale Medien. Et gëtt och aner Aktivitéiten fir op de Problem opmierksam ze maachen. Roses Revolution Luxembourg huet 2021 e Video erausbruecht mat Berichter vu Frae op Franséisch a Lëtzebuergesch, fir de Problem ze sensibiliséieren.[1]

D'Campagne gëtt ënner anerem vun der däitscher Sektioun vun UN Women ënnerstëtzt.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Shari Pleimelding: Gewalt bei der Gebuert: Sensibiliséierungsvideo vu Rose Revolution. moien-mental.lu , 23. November 2021
  2. Roses Revolution op UN Women Deutschland