Russesch Phonetik
Am Prinzip gëtt déi russesch Sprooch geschwat wéi se geschriwwe gëtt. Mä heiansdo ginn e puer Buschtawe verschléckt oder si ginn e bëssen aneschters ausgeschwat. Dës Ännerungen hänken dacks vun der Betounung vum Wuert of a vun der Positioun vum jeeweilege Buschtaf. Doriwwer eraus ginn et puer Buschtawen, déi een net einfach esou an d'Lëtzebuergescht ëmschreiwe kann, well si nëmmen am Russeschen an an anere slawesche Sprooche virkommen.
Russescht Alphabet [änneren]
Informatiounen iwwert d'Aussprooch vun de russesche Buschtawe fënnt een am Artikel Russescht Alphabet.
Akanje [änneren]
Akanje (russ.: аканье) géif iwwersat bedéiten: "den o wéi en a ausschwätzen". Am Kloertext heescht dat, datt am Russeschen en onbetounten o bal wéi a ausgeschwat gëtt.
Beispiller:
| Wuert | Aussproch |
|---|---|
| свобо́дный (fräi) | "sswabodny" |
| И́горь (Igor) | "Igar" |
Opgepasst!
Et soll een en onbetounten o net iwwerdriwwe wéi a ausschwätzen, well dat de Sënn oder d'Bedeitung vum Wuert ännere kann.
Beispiller:
| Wuert | Aussproch |
|---|---|
| пи́во (Béier) | "piwa" |
| пи́ва (Genitiv Eenzuel) | "piwaa" (!) |
| сло́во (Wuert) | "sslowa" |
| сло́ва (Genitiv Eenzuel) | "sslowaa" (!) |
Et gëtt iwwregens och nach den Okanje. Dat ass de Géigendeel vum Akanje: "den onbetounten o wéi en o ausschwätzen". Den Okanje ass awer éischter an den nord- a mëttelrusseschen Dialekter, am Ukraineschen an am Polneschen geleefeg.
Ikanje [änneren]
Ikanje (russ.: иканье) géif iwwersat bedéiten: "de je wéi en i ausschwätzen". Am Kloertext heescht dat, datt am Russeschen en onbetounte je bal wéi i ausgeschwat gëtt. Och hei soll een net iwwerdreiwen. D'Aussprooch vun engem onbetounte je läit tëschent engem je an engem i.
Beispiller:
| Wuert | Aussprooch |
|---|---|
| нести́ (droen) | "nissti" |
| введе́ние (Introduktioun) | "wwidjenije" |