Schënner

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Schënner ass eng Persoun, där hiert Handwierk dora besteet, fir d'Déierkadaveren ewechzeschafen, ze verbrennen oder ze begruewen, respektiv d'Fleesch an d'Hait, déi iwwreg bloufen ze verwäerten. Well d'Kadaveren en ellene Geroch hunn, hunn d'Schënner meeschtens baussent dem Duerf gewunnt an do geschafft. Nieweprodukter vum Handwierk waren z. B. Läim Fetter a Salefen déi d'Schënner fir Heelzwecker preparéiert a se un hir Cliente verkaaft. Munnech Schënner, hunn och de Beruff als Heelpraktiker ausgeübt an als rau Kärelen, de Patienten, déi s'opgesicht hunn, d'Glidder erëm agerenkt. Schënner ass e Beruff, deen haut ausgestuerwen ass, nodeem d'Abdeckerei sech industrialiséiert huet. Zu Lëtzebuerg geschitt d'Abdeckerei haut op industrieller Grondlag am Schwunnendall bei Luerenzweiler duerch e konzessionéierte Bedreiwer.