... d'Fabréck vum Faarfpigment Falunrout, dat a Schweede wäitleefeg fir den Ustrach vu ländleche Gebaier gebraucht gëtt, 2001 vun der UNESCO op d'Weltierwelëscht gesat gouf?
... de Geriichtshaff vun der CECA an den 1950er Jore säi Sëtz an der Stater Villa Vauban hat?
... Het Zinneke zu Bréissel als eng Zort kanine Pendant zum Jeanneke a Manneken Pis betruecht ka ginn?
... d'Gare Kautebaach vun 1888 zwéi verschidden Architekturstiler vereent - Schwäizer Chalet an italieenescht Landhaus - wat den éischte Bauhären no e Symbol fir d'Frëndschaft an d'Begéinung vun de Vëlker duerstelle soll?