... de Victor Tedesco (1821-1897) aus der Stad Lëtzebuerg an der Belsch wéinst Opruff zur Revolutioun zum Doud verurteelt gouf, spéider awer Affekot, Gemengerot a Provënzialrot zu Arel war?
... d'Uertschaft Gréiwels fréier Nei-Brasilien housch, well sech do am Joer 1828, op den deemolege Gemengegrenze vu Groussbus, Heischent a Wal, Leit néiergelooss hunn, déi alles verkaaft haten, fir a Brasilien auszewanderen, do awer ni ukomm sinn a veraarmt op Lëtzebuerg zeréckkoumen?
... d'Husumer Protestschwäin eng rout-wäiss-rout gesträift Schwéngsrass ass, déi uganks vum 20. Jh. vun den Dänen an Nordfriesland geziicht gouf, fir dergéint ze protestéieren, datt se net den dänesche Fändel hunn däerfen eraushänken?
... de lëtzebuergesche Metallurg William J. Kroll (1889 - 1973) ë. a. deen no him genannte "Kroll-Prozess" entdeckt huet, deen et erméiglecht, Titan industriell ze produzéieren?