Schabloun Diskussioun:Foto gewënscht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Merci Otets fir déi zwou Proposen.

Ech fannen d'Këscht riets besser wéi dee Banner uewen: se wierkt manner "schwéier" an deit d'Plaz un, wou eng Foto hikomme soll. Wa kee jäizt, huelen ech déi iewescht Variant eraus.

Ech sichen nach eng sproochlech Alternativ fir "zur Verfügung stellen", wat mer e bëssen hëlzern kléngt. Iddien? --Zinneke (Diskussioun) 10:59, 26. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Sinn och fir déi riets Alternativ. Amplaz zur Verfügung stellen proposéieren ech emol déi Dir op Wikipedia publizéire wëllt.
Et wier och net schlecht wann d'Schabloun eng Documentatioun krit. Mä dat kann nach ëmmer nogeholl ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:09, 26. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, ech hat och schonn un "op Wikipedia publizéieren" geduecht. Mee am Fong geet et jo ëm méi: eng Foto ënner fräier Lizenz ze publizéieren, déi jiddereen, a speziell och baussnet der Wikipedia, benotze kann. Dat kann een als Méckepéiler-Argument gesinn, ma wann ee bedenkt, datt mer an der Vergaangenheet de Probleem haten mat Fäll, wou der Biller mat der Lizenz "fräi fir all Wikipedia" eropgelueden haten, ass et net vu Muttwëll, déi Iddi vu vir eran net opkommen ze loossen. Ech géif dofir éischter a Richtung "deelen"," der Allgemengheet zougänglech maachen" oder änlech, goen...
Moien, et kinnt een der jo vläit zwou halen z.B. {{FotoGewënscht}} an a {{FotoGewënschtRiets}}, 't frësst jo kee Brout. Brauch ee vill Dokumentation? Do gi jo keng weider Parametere benotzt. --Jwh (Diskussioun) 11:33, 26. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Da léiwer {{FotoGewënnschtUewen}} fir d'Alternativform. Riets wier da "Standard". --Z.
Et wier och vläicht flott wann d'Schablouen en Numm am normale Schreifstil hätten {{Foto gewënscht uewen}} a {{Foto gewënscht riets}} Et ass sou lästeg wann een ëmmer muss siche goe wéi d'Schabloun geschriwwe gëtt. Beim normale Schreifstil ass dat vill méi einfach ze verhalen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:22, 26. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Voll d'accord --Jwh (Diskussioun) 14:55, 26. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]