Schankenhaus vun Douaumont
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Geographesch Koordinaten:
49° 12’ 29’’ N 05° 25’ 25’’ O
D'Schankenhaus vun Douaumont, op Franséisch Ossuaire de Douaumont, op der Thiaumont-Héicht bei Verdun, ass e Gebai, an deem d'Schanke vun iwwer 130.000 Zaldoten aus dem Éischte Weltkrich versuergt ginn, déi bei der Schluecht vu Verdun gefall sinn.
D'Schankenhaus streckt sech iwwer eng 138 m an huet e 46 m héijen Tuerm a Form vun enger Artilleriesgranat. Um éischte Stack ass e Krichsmusée. Eng sëllechen Natiounen hu Suen zum Bau vum Ossarium gestëft, dorënner och Lëtzebuerg. 1932 gouf d'Gebai duerch den deemolege franséische President Albert Lebrun offiziell ageweit.
Vis-à-vis vum Ossarium fënnt een e grousse Kierfecht mat 15.000 Kräizer fir méi wéi 16.100 Douedeger, déi do begruewe leien.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Schankenhaus vun Douaumont – Biller, Videoen oder Audiodateien |