Schluecht vu Verdun
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|
|
|---|---|
| Schluecht vu Verdun op der Kaart | |
| Datum | 21. Februar- 20. Dezember 1916 |
| Plaz | Verdun a Frankräich |
| Resultat | Ouni strateegescht Resultat |
|
|
|
|
|
|
| Am ganze 50 Divisiounen 1225 Geschützer dovu ronn 150.000 Doudeger |
Am ganze 75 Divisiounen 400 Geschützer am Ufank (spéider ca. 1300) ca. 377.000 Zaldoten, dovu ronn 167.000 Doudeger |
| Éischte Weltkrich | |
D'Schluecht vu Verdun war eng vu de gréisste Schluechte vum Éischte Weltkrich. Si huet den 21. Februar 1916 mat engem Ugrëff vun däitschen Truppen op d'franséisch Stellunge bei Verdun ugefaangen. Si ass den 20. Dezember 1916, ouni grouss Verännerung vum Frontverlaf, zu Enn gaang.
No der éischter Marneschluescht an dem Stellungskrich, dee sech ëmmer méi laang higezunn huet, huet den däitschen ieweschte Kommando (OHL) gemierkt datt e lues a lues d'strategesch Initiative verluer huet. De Generalstabschef vu den däitsche Buedemtruppen, Erich von Falkenhayn, wollt nämlech Frankräich duerch e Groussugrëff an d'Knéie kréien. Den Zilpunkt vun der Offensive war d'Stad Verdun, an d'Forte ronderëm Verdun, wéi de Fort de Douaumont an de Fort de Vaux.
Den OHL huet geplangt, de Frontbou ëm d'Stad Verdun an déi virgelagert Festungen op eng riicht Linn ze bréngen. Déi, no däitscher Meenung, staark geschwächt Grande Armée sollt "ausgeblutt" ginn.
Beim Fort vun Douaumont haten se liicht Saach, well zur Zäit vun der däitscher Attack war deen nëmme mat 57 Mann besat. Fir de Rescht haten se sech verrechent. D'Fransousen hu sech staark verdeedegt a konnten déi däitsch Offensiv stoppen. De Philippe Pétain, deemools Kommandant vun der 2. Arméi, huet ripostéiert an direkt eng Verbindung mat Bar-le-Duc an d'Weeër geleet. An Zäit vu 24 Stonne koumen 3.000 Camione mat Material an Ersatztruppen iwwer d'Voie sacrée un d'Front.
Doropshin huet de von Falkenhayn drop gebaut, fir d'franséisch Truppe lues a lues kleng ze kréien. De Pétain huet awer bei deem Spill net matgemaach an derfir gesuergt, datt ëmmer frësch ausgeraschten Truppen op der Front waren, an hien huet e Roulement ugeuerdert, datt d'Zaldoten ni ganz laang an den éischte Linne bliwwe sinn.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Schluecht ëm Verdun – Biller, Videoen oder Audiodateien |