Schnauftubak

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Schnauftubak ass renggemuelen Tubak, deen duerch Erasuckelen duerch d'Nues konsuméiert gëtt. Op déi Manéier wierkt den Nikotin op déi viischt Schläimhait an der Nues, sou wéi beim Kokain.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

De Pater Romano Pane, deen de Christoph Kolumbus op senger zweeter Rees begleet hat, war deen éischten, deen de Brauch vum Tubakkonsum beschriwwen huet. A sengem Wierk "De insularium ritibus" vun 1497 ernimmt en e Kraut, dat duseleg mécht. E beschreift, datt sech d'mëttelamerikanesch Indianer e Rouer an d'Nueslächer stiechen, an dat anert Enn iwwer Tubaksblieder halen, déi brennen. E beschreift ausserdeem de Brauch, fir d'Blieder ze muelen, an de Pudder duerch d'Nues z'inhaléieren. "De Pudder ass sou staark, datt en engem de Verstand hëlt".

De Schnauftubak an der Lëtzebuerger Sprooch[änneren | Quelltext änneren]

  • Schnaufbécks: Eng kleng Schnauftubaksdous.
  • Schnaufdëppen: En ierdene Behälter, an deem de Schnauftubak versuergt gouf.
  • Schnaufnues: Een, dee Schnauftubak konsuméiert.

De Schnauftubak an der Lëtzebuerger Literatur[änneren | Quelltext änneren]