Schwäizer Messer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Schwäizer Messer ass e Multifonktiounsmesser dat vun der Schwäizer Firma Victorinox fabrizéiert gëtt.
D'Geschicht vum Schwäizer Messer fänkt 1884 zu Ibach am Kanton Schwyz un, wéi de Messermécher Karl Elsener säin eegenen Atelier opgemaach huet. D'Messere goufen am Ufank fir d'Schwäizer Arméi produzéiert, a goufen 1891 fir d'éischt ausgeliwwert.
An engem Schwäizer Messer kann e bis zu 41 kleng Handwierkgeschirer fannen, neierdengs esouguer en USB-Späicher, oder en Altimeter.
| Commons: Multi-tool knives – Biller, Videoen oder Audiodateien |