Science Club Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Science Club ass eng Initiativ vum Nationalmusée fir Naturgeschicht an Zesummenaarbecht mat der wëssenschaftlecher Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg, mat de Jonk Fuerscher Lëtzebuerg a mat PInS asbl. De Club riicht sech u Jonker tëscht 11 an 18 Joer.[1] D'Programmer vum Science Club gi vum Nationale Fuerschungsfong finanziell ënnerstëtzt.

Aktivitéiten (Beispiller)[änneren | Quelltext änneren]

  • Orchideeëfuerschung

Wéi eng Orchideeë wuessen an den Dréchewisen vum Naturschutzgebitt Mirador? Komm an hëllef de Fuerscher/innen aus dem Naturmusée. Zesumme mat der Botanikerin Laura analyséiere mer de Bestand vun dëse wäertvolle Planzen. An der Mëttesstonn kache mer um Feier.

  • Naturapdikt

D'Natur ass voller Heelmëttel. Géint Eessen, rau Haut, blo Plazen oder Erkältungen ass definitiv e Kraut gewuess! Mir entdecken d'Heelkraider a kucke wéi ee s'an der Naturkosmetik asetze kann. Dono braut jidderee säin eegent Mëttel zesummen.

  • Wéi dréinen ech e Film?

Bei dëser Aktivitéit gëtt gewise wéi ee méi kreativ a professionell Filmer mam Handy dréine kann. Déi Formatioun ass fir all déi recommandéiert, déi wëllen um Science on Tour: Nordsee-Insel Camp oder um Exploratour: Gletschertrekking deelhuelen.

  • Täuschend echt – Orchideeën

Mir entdecken déi nei Ausstellung iwwer lëtzebuergesch Orchideeën am Naturmusée.

  • Scienteens Lab – Biologesch Fuerschung

Dëse Workshop op der Uni Lëtzebuerg gëtt en Abléck an d'Liewe vun enger Fuerscherin / engem Fuerscher. Bei dräi verschiddenen Ateliere kann een déi verschidden Aspekter vun der biologescher Fuerschung entdecken.

  • Fleegestatioun fir wëll Déieren

Bei enger Visitt an der Fleegestatioun fir wëll Déieren kritt een d'Geleeënheet fir hanner d'Kulissen ze kucken. Do gëtt et vill wëll Déieren, eenheemescher an och exotescher.

  • Science on Tour: Nordsee-Insel Camp

Um Programm stinn: Wattewanderung, Krabbefëschen, Schëffsausflug mat Vulle beobachten, Vëlofueren, Nordsee-Aquarium, Lagerfeier a vill Spaass.

  • DNA

An deem Atelier kritt een Informatiounen iwwer d'DNA an et gëtt gewise wéi d'Fuerscher schaffen.

  • Expeditioun Schifergrouwen

Eng Visitt vun den ënnerierdesche Galerien no där ee selwer mam Schifer schaffe kann.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notten[Quelltext änneren]

  1. U Kanner vu 6 bis 10 Joer riicht sech de Panda-Club.