Jonk Fuerscher Lëtzebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
AJSL logo.png

Jonk Fuerscher Lëtzebuerg, och nach Association Jeunes scientifiques Luxembourg genannt, gekierzt AJSL, ass e Veräi mat Sëtz am Lycée technique des arts et métiers an der Stad Lëtzebuerg, deen den 1. September 1977 gegrënnt gouf.[1] De Veräi riicht sech am Prinzip u Jonker bis 21 Joer, déi sech fir Wëssenschaft a Fuerschung interesséieren. Erwuessener kënnen och Member ginn. D'Aktivitéite vum Veräi gi vum Fuerschungsministär a vum Nationale Fuerschungsfong ënnerstëtzt.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Ziler vun der AJSL

  • d'Fërdere vun Aktivitéiten um nationale Plang am Beräich Wëssenschaftserzéiung baussent de Schoulzäiten;
  • d'Organisatioun vu Concourse fir jonk Fuerscher;
  • d'Zesummenaarbecht mat aneren Organisatiounen um nationalen an um internationale Plang, déi an ähnleche Beräicher aktiv sinn.

[änneren] Facilitéiten an Aktivitéiten

  • Kontakter mat Spezialisten;
  • Virschléi fir ze fuerschen;
  • d'Matmaache bei international Concoursen;
  • Stagen am Ausland;
  • interessant Visiten, Ausstellungen a Konferenzen.

[änneren] Concoursen a Präiser

[änneren] Kooperatiounen

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. Cf. d'Statuten am Mémorial Nr. 31: 1465, 24. Februar 1978; d'Refonte aus dem joer 2005 (Mémorial Nr. 1028: 49312-49314, 12. Oktober 2005).
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht