Sechs
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
6
Déi natierlech Zuel Sechs (6) ass d'Nofolgerin vun der Fënnef an d'Virgängerin vun der Siwen.
Et ass déi kléngsten zesummegesaten Zuel mat zwéi verschiddene Primfakteuren an di drëtt Dréieckszuel. Et ass eng gerued Zuel.
De Wierfel, och Hexaeder (aus dem Griicheschen) oder Kubus (aus dem Laténgeschen), ass ee vu fënnef platonesche Kierper an huet sechs déiselwecht Flächen. En Tetraeder huet 6 Kanten an en Oktaeder 6 Ecken.