Semele

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ddraig.svg Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Semele war d'Duechter vum thebanesche Kinnek Kadmos a vun der Harmonia. Den Zeus huet sech a si verléift. Mä dem Zeus seng Fra Hera war jalous, huet sech verwandelt an d'Semele ugestëft ze verlaangen datt den Zeus sech a senger gëttlecher Muecht sollt weisen. Wéi en hir doropshin ënner Donner a Blëtz erschéngt ass, ass si verbrannt. Den Zeus huet dunn hiren ongebuerene Jong Dionysos a sengem Uewerschenkel ausgedroen. Spéider huet en de Jong de Nymphe vun Nysa ginn, fir datt si e sollen opzéien.

Wahrscheinlech handelt et sech bei der Semele ursprénglech ëm eng thrakesch Gëttin.

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Semele – Biller, Videoen oder Audiodateien